ManuKultura Useldeng

Flotte Programm am Schied vun der Buerg
Konscht, Kultur a Kreatives
Am Schied vun der Useldenger Buerg ginn haut déi historesch Gebaier vun der eemoleger Waassermillen op kreativ a kulturell Aart a Weis mat neiem Liewe gefëllt.
Duerch d’Initiative vun der Useldenger Gemeng an dem Impuls vum Gérard Anzia ass 2017 de Projet ,,ManuKultura‘‘ entstanen, dat haut vun der Vereenegung „Kultur- a Buergfrënn Useldeng a.s.b.l.“ verwalt gëtt. Dat ganzt Joer iwwer gëtt sech hei kulturell weidergebilt an et gëtt sech aktiv a kreativ ausgetoobt.
An de Raimlechkeete vun der ManuKultura ass an de leschte Joren een Treffpunkt an der Useldenger Gemeng entstanen, an der regional Akteuren eng Plaz fannen, fir dat Besicher vun no a wéit vun engem qualitativ héichwäertege Kultur- a Konschtprogramm profitéiere kennen.
An den insgesamt 3 Säll, dem Kreativ-Atelier, dem CABARET-Sall an dem Tit-Schroeder-Sall, kënne regional a national Kënschtler an Akteuren hiert Talent a Wësse weiderginn. Dräi mol am Joer ginn ofwiesslungsräich an och familljefrëndlech
Aktivitéitsprogrammer entwéckelt, déi vill kreativ Beräicher ofdecken. Sou gi reegelméisseg Mol,-Keramik- an Handwierkscoursen, Upcycling-Bitzcoursen, Fotoausstellungen, Kultur a Konschtvirträg, Yogacoursen, Liesungen, kleng Concerten a weidert Konscht- a Kulturveranstaltungen organiséiert. Dat villfältegt Programm bitt spannend, spaasseg an informativ Aktivitéite fir Participante vun all Alter a Geschlecht.
Falls Dir un engem Cours deelhuele wëllt oder eng Iddi huet fir ee Cours bei eis unzebidden, da mëllt Iech bei eis.

Méi Informatioune zu der Useldenger Buerg fannt Dir héi.

Wou fënns Du eis?
1, am Millenhaff L-8706 Useldange Tel: 00352 23630051 -29 oder -28 |